D’Kriminalitéit ass hautzudaarchs omniprésent. Vun « Shoplifting », Cyberkriminalitéit bis zum Drogenhandel, d’Kriminalitéit kann eng grouss Roll an eisem Liewen spillen. Mee fir dat méi an den Detailer ze analyséieren, mussen mer d‘Wuerzel vun der Kriminalitéit erforschen. Als éischt fänken mir mam Problem un, respektiv fw d’Kriminalitéit esou eng grouss Problematik op der Welt ass. Dann analyséieren mir méi genau firwaat Kriminalitéit existéiert an vun wou en hier kent. Zum Schluss diskutéieren mir dozou Léisungen, respektiv wéi een d’Kriminalitéit évitéiert. Als éischt schwetzen mir iwwert d’Problematik vun Kriminalitéit. Juristesch gesinn, gelt Kriminalitéit als eppes wat verbueden ass. An aneren Wierder, alles wat géint d’Gesetz geet, ass verbueden an gelt als een Verbriechen. Den Problem mat der Kriminalitéit ass, dass se op der ganzer Welt present ass. Egal op reich oder arm, egal op dat verbriechen kleng oder grouss ass, Leit praktizéieren et hautzudaarchs nach emmer vill. Firwaat beginn Leit iwwerhaapt en Verbriechen? Fir dat erauszefannen, ginn mer elo méi an den Detail vun der Wuerzel. Firwaat existéiert Kriminalitéit op der Welt? Fir e puer Leit, ass et d’Versuchung, déi sie unlockt. Fir anerer ass et well sie keen Choix hunn, well sie zum Beispill arm sinn an die Suen néideg hunn. Et ginn och Leit déi den Adrenalinkick brauchen. Punkt also ass: Jiddfereen huet een ganz aner subjektivt Bedierfnis wann et zu Verbriechen kent. Du kanns also ganz arm sinn, an keen aneren Choix hunn wéi een Supermarché ze beklauen, wells du déi néideg Ressourcen fir ze iwwerliewen brauchs. Du kanns awer och reich sinn, an Banken ausrauben goen, wells du net genuch vun Adrenalin kanns kréien. D’Wuerzel vun der Kriminalitéit hänkt also vum Environnement oof. Mee wéi kann een elo d’Kriminalitéit eroofsetzen respektiv évitéieren? Fir dat erauszefannen, kene mer eis endlech op d’Léisungen konzentréieren. Wéi kann een den Leit besser iwwert esou een Thema opklären? Et kann een zum Beispill schon ganz fréi domadder ufänken: Huelen mer als Beispill, dass een an den Grondschoulen den klengen Kanner kann iwwert d’Kriminalitéit sensibiliséieren an ze informéieren. Et kann een sech awer och bei verschidden Organisatiounen renseignéieren, wéi zum Beispill BeeSecure, eng Organisatioun, déi sech géint den Cyberbullying duerchsetzt. Als Schlussfolgerung kann een also soen, dass Kriminalitéit nach emmer ganz omnipresent ass. Ausserdem kann d’Wuerzel vun der Kriminalitéit deemno an watfir engem Environnement du bass, oofhängen. Zum Schluss hunn mer elo grad gekuckt wéi mer Leit kenen besser iwwert dathei Thema sensibiliséieren.